Nei Spiller fir d'Saison 2024-2025 - #13

5th July 2024

club logo

FC 72 Ierpeldeng

image

De Silvio kenne warscheinlech déi mannst vun eise Supporter an awer : hie kënnt elo fir d'zweet bei eis.
D'lescht Saison hat hien den Transfert an d'Trell gemaach, ass awer duerch eng Blessur an der Preparatioun ausgefall a konnt deemno net spillen. An der Réckronn wollt hien et nach eng Kéier an Italie probéieren an huet bei Ozierese 1926 gespillt.
Elo ass hien dann definitiv zu Ierpeldeng ukomm a wäert eist Mëttelfeld verstäerken.
Bonne Chance Silvio !