Nei Spiller fir d'Saison 2024-2025 - #3
19th June 2024
FC 72 Ierpeldeng
Haut stelle mer Iech de Ricky vir !
Den Henrique Diogo de Paula Miranda ass net ganz nei an der Trell, wëll hie war als Jugendspiller schonn 3 Joer (2015-2018) bei eis. Hie koum deemools vum FC Etzella Ettelbruck an hat no Ierpeldeng nach bei der US Feulen a beim FC Blo-Waiss Medernach gespillt. Ee weidere Jong aus der Regioun also, deen no sengen UNI-Studien elo erëm de Wee op den Terrain sicht an do huele mir hie ganz gären an eisem Projet mat.
Wëllkomm Ricky beim FC72 Ierpeldeng.